|
|
|
 |
 |
 |
 |
LĖTZEBUERGER GEDICHTER |
 |
|
|
Op dëser Säit stinn dës Gedichter:
Onbekannten Auteur: Mënger léiwer Mamm L.M.: Mäin Déifferdang Eugène Bernard: De Biergmann Jos.Graas: Eise Minette a seng Leit Eugène Bernard: De Minettsdapp Eugène Bernard: Arbecht Marcel Reuland: Al Haiser Marcel Reuland: Mëttesstonn Onbekannten Auteur: D'verloosent Graf Marcel Reuland: Wann de Summer geet Michel Lentz: An Amerika Michel Lentz: D'Margréitchen Michel Lentz: De Feierwon Michel Lentz: Hämmelsmarsch
|
MĖNGER LÉIWER MAMM
|
Du bas sou' tuerkleg, miérf a gro, Verronschelt sin déng Hänn; Vill Otem as och nët méi do, Léiw Mamm, et geet zu Enn.
Déng Aan si kleng a midd an dréif, Vu Suergen, Leed an Nout ; Du gees sou déif gebékkt, sou déif, Fir déch as d'Welt schon dout.
Däin Häerz, léiw Mamm, as lués am Schlag, Kaum héiert een ët gon. Dat gët fir mech ë béisen Dag, Wann d'Häerz der Mamm bleiwt ston. . .
Meng Mamm kuckt roueg vir sech hin, Si seet vu Glëck kee Wuért. 'T as mir, wéi wann si géif gesinn Wäit fort eng gëlle Puért
Onbekannten Auteur
|
|
|
MÄIN DÉIFFERDANG
|
Wou wéi d'Kand un d'Mammenherz d'Heiser un de Bierg séch drécken; wou,dank eise Minettshéichten, stolz e klinzécht Dueref séch zou enger Staadt konnt strecken;
Wou haut Schlass a Klouschter vu vergaangenen Zäite soen; wou,all Fortschrëtt opgedon, frou en äerdecht Vollék sénger Arbécht no ka goen;
Wou e mächtégt Eisewierk, durch eis waakrég Arbéchtsmänner, Saache schaaft, déi net vergin a vun deene Prouwe mir kënne weisen an aIl Länner;
Wou wann' t ëm den Owend geet, Méi wéi dausend Liichter blëtzen A Milliounen Stolwierksquonken Wéi e Freedefeier t'ganz Nuecht géint den Himmel sprëtzen;
Wou och nach an der Gewaan Baueren hier Fouen zéien, Op den Héichten Schofsträpp weeden, a bis un d'Franzouseland Herrléch Bëscher séch hënzéien . . . .
Daat,kuckt ass méng Heemécht, 'T ass mäin Déifferdang!!
L.M.
|
DE BIERGMANN
|
Roueg leien d'Minettsbierger, Tänne stinn op hire Koppen, Schléiwenhecken,Gins a Blummen, déi wéi schimmég sech verstoppen.
Dach daat Rouegt an dee Fridden geet ee blouss no baussen sichen, bannen an dem Bierg do wierkt et wéi an enger Hexekichen.
Rammen haulen iwert d'Schinnen, Buerer sech durch d'Minett schliddren, a mat donnergläichem Kraachen, Deet eng Mine de Bierg erziddren.
Polferdamp zitt durech d'Stollen, an der Pillage d'Stemple krécken, gleeft es,an deem roude Biereg grinst der Doud aus villen Ecken.
Mat dem Bierg do ass de Mineur stéits am Streit, an dach verbonnen, an e schéisst ëm mat dem Polfer D'Minettsgold aus déiwe Wonnen.
Rout vum Minettsstëps gepudert steet de Biergmann ouni Biewen, Bierg, ech fuerdren dech, du Lousen, d'geet tëscht eis op Dout a Liewen.
Gleef dach net, dass ech dech fäerten, haut net, an och moar nët manner well ech muss mer d'Brout verdingen fir meng Fra a fir meng Kanner.
Gléck op Mineur, - spaan deng Nerven, Héiers du de Bierg nët drécken, pass dach op, mat bleeche Schanken steet den Dout un d’Wand ze técken.
Wéi en ongebännégt Déier, Sprëngt de Plafong op en nidder, Stemple faalen ëm wéi Fixspéin, Arm zerbriéchlech Biergmannsglidder!
Biergmannslous! Du brave Mineur, iér dee roude Bierg bezwongen, kascht et nach vill Schweess an Arbecht, a vill Blutt vu Minettsjongen.
Friddléch leien d'Minettsbierger Tänne stinn op hire Koppen, Dach wéi wéinég mer drun denken, wéivill Tréine si verstoppen.
Eugène Bernard
|
EISE MINETT A SENG LEIT
|
Rout sinn d'Steng a rout de Buedem Rout sin d'Fielsen déif a weit An derdurch dee gëllne Fuedem D'Eisen, d'Eisen daat dra läit.
Schwarz a gro, esou wéi d'Fielsen Schafft de Minettsmann mat Nout Hëllt eraus déi Steng a Fielsen Minett, Eisen, schwarz, gro, rout.
Afgerackert, midd an hongerech Hällt hien no der Schicht dann op A Gefohren, brav an éierlech Huet dee Mann verdingt seng Zopp.
Mee seng Minett déi rullt weider Bis op d'Schmelz an d'Feiermier Wou brodelt, zischt, mee leider Och d'Gefohr, steet op der Dier.
Rauh, geschwärzt, sinn och do d'Mënschen Rout verbrannt, vum Feierbou Waat si wëllen, waat si wënschen schaffen, liewen, fräi a frou.
D'Mëlleschkouh vun eisem Ländchen as de Minette onverkannt wann et gudd geet Stand a Ständchen dankt et eisem Minettsland.
Duerfir haalt déi Leit an Éiren déi rauh an haart a richt eraus. Verstitt dem Minett seng Manéiren E Minettsdapp daat ass keng Laus.
Jos. Graas
|
DE MINETTSDAPP
|
Vun dem Éisléck,vun dem Gutland, Wonnerschéines gouf geschriwwen, Dach ëm eis, de Minettsbasseng Ass et ëmmer stëll gebliwen.
Ass et, well duerch eise Buedem Geet e luest ma stännegt Biewen, Schold dru sinn eis Eisewierker, Schold drun eise Fläiss, eist Striewen.
Ass et, well eis Minettsbierger bludden aus vill déiwe Wonnen, Ass da fir eis allegueren net hiert Blutt zu Gold geronnen?
Wann och eise Buedem ziddert, A géint Himmel schéisse Flamen, stolzerfëllt an d'Land mer ruffen, datt mer aus dem Minett staamen.
An der Mueressonn do blénkt et och bei eis a Wiss a Feld, an am Bësch d'Villercher sangen wéi soss an der ganzer Welt.
An ech stin um Bierg ze kucken op meng Minettsstiedchen nidder An ech denken, dass am Ländchen alleguere mer si Bridder.
Aus der Schmelz d'Kamäiner wénken, vu fäere gréisst den Zolverknapp, a mat Stolz kann ech bekennen, datt ech sin e Minettsdapp.
Eugène Bernard
|
ARBECHT
|
Et téint durch d'Welt eng Melodei, Déi all Dag ëmmer rëm gët nei, Déi séngt a kléngt bei Dag an Nuecht, Et huet nach keen s'un d'Stoe bruecht.
Ganz déif am Buedem geet se un, An d'Picke schlon den Takt dervun, Wou d'Doudesloft durch d'Stolle geet, Am Polferdamp de Biergmann steet.
D'Héichuewe ruffe gläich dorop, A rappe feirég Meiler op, Wäissgliddeg vu gewalt'ger Hëtzt, Dann hire Grouss an d'Poche sprëtzt.
An d'Stolwierk jäitzt séng Liewensloscht Eraus an d'Luut mat stoler Broscht, Déi sou gewalteg Otem zitt, . Datt alles voller Fonke flitt.
Eisen,Eisen brëllen d'Walzen, Losst déi Bléck méi séier danzen, An durch Ronnen agefangen Schéissen gliddég Eiseschlangen.
Zange greifen, Ketten rappen, Schwéier Eisenhimmer klappen, Blous den Takt jo schloe sie Zou der Arbéchtssymphonie
Nuecht! - Géint Himmel Flame schéissen, Bluddégrout sie d'Stäere gréissen, Vun der Arbecht, ëmmer nei Klëngt déi éiwég Melodei.
Eugène Bernard
|
AL HAISER
|
Al Haiser, déi an ale Gaasse stin, hun déif am Schiét vu Kummer a Gemaach eng heemlech Séil; a wann se waakreg gin am leschte Liicht vun engem kloren Dag, am Summer op an zou, da brennt eng Glous an hire Raute wéi eng heemlech Freed. Al Haiser hun eng Séil, déi owes grouss no kloren Dee an hire Raute steet.
Marcel Reuland
|
MĖTTESSTONN
|
Eng Handvoll Haiser am Wisegronn an e bloen Himmel voll Summersonn.
Den Hank aus rabbelt e Won op d'Gewan, eng Fouer Hëtzt an e schléifregt Gespan.
Enzwousch an de Gaasse ramouert de Schmadd ma soss keen Toun, tëscht de Maure keen Tratt.
D'Hëtzt ziddert laanscht d'Haiser, keen Hunn, dee kréit keen Hauch, deen en Hallem um Flouer béit.
An dobausse stin d'Gaarwe Kaascht u Kaascht, op de Bauer ze waarden, e stolze Laascht.
Marcel Reuland
|
D'VERLOOSSENT GRAF
|
Um schmuele Graf as nët eng Blumm, a Stee gemeesselt steet en Numm, zwou Joreszäiten sin nach do, ganz onperséinlech,kal a gro.
Mä si ëmfaassen dach all dat, wat eemol vill Bedeitung hat: Dat Stëckchen Zäit vum Mënscheliéwen, den Ufank,d'Enn, all Schaffen,Striéwen.
Vu Freed a Leed as näischt méi rescht, all Spueren huet der Doud verwëscht. Wéi Tréinen drëpst de Reen eraf, an netzt den Onkrautstack um Graf.
Onbekannten Auteur
|
WANN DE SUMMER GEET
|
Dräi Dee laang as e raue Wand wéi wëll duerch d'Gaasse gejeet, d'Gewëlleks as schaarf duerch den Himmel gerannt, an d'Beem hu gekeimt a geklot.
Ma op eemol as alles roueg gin, hënt geet keng Lëftche méi, keen Hauch laanscht den Däich, wou d'Pëppelter stin, an 't as mer, ech weess nët wéi.
An 't as mer sou ongemälleg hënt, an ech weess dach genee Bescheed: dräi Dee hault de Wand, wann d'Fréijor kënnt, an och, wann de Summer geet.
Marcel Reuland
|
AN AMERIKA
|
Vu méngem Duerf goung ech hier, Dat frësch am Grénge lait Dohannen iw'rem grousse Mier Sou wait fu mier, sou wait; Do stét en aremt klinzecht Haus, Eng Bänk virun der Dir, Do brét eng Lann hir Blieder aus, Mecht kille Schied derfir :
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi ! Get mir main Dach fu Stréi A méngem Duerf erem, Ech gin iech alles drem !
Fu ménger Mamm fort goung ech hier; Dé gudden Engel do, Mat hirem Hierz gét iwer d'Mier Si iweral mir no; Op onser Bänk virun der Dir Hu mir sou oft gesiess, A koum ons d'Liewen däischter fir, Mir hun et do fergiess:
Fun hinnen zwé fort goung ech hier, Hunn néierens keng Rou; An zënter zwëschen ons dat Mier, Gin ech och nët méi frou; Kënnt op der Bänk virun der Dir Ech sëtzen eng Minutt Bei hinnen zwé, da wär et mir Op deser Welt rem gutt !
Michel Lentz
|
D'MARGREITCHEN
|
't as Fréijor an d'Vullen déi sin rëm erwaacht, an d'Margréitchen huet sech eraus och gemaacht; si huet d'wäiss Kolrettchen rëm frësch ugedon, soubal si de Poufank gehéiert huet schlon; soubal si de Poufank gehéiert huet schlon.
A gréng gin och d'Wise laanscht d'Wéën an d'Pied, d'Vioule verstoppen sech heemlech am Schiet; D'Beem kréien nei Blieder, den Nuechtegall schléit, De Wand séngt duurch d'Bëscher, wou d'Meereis-che bléit; De Wand séngt duurch d'Bëscher, wou d'Meereis-che bléit.
An d'Sonn déi rifft d'Blumme schnéiwäiss, rout a blo, Wéi Stieren um Himmel sou vill sin der do; Si rëschten a botze mat Faarwen sech räich, A blénken a blëtzen duerch Heck a Gesträich: A blénken a blëtzen duerch Heck a Gesträich.
Dach vun all dee Blummen am Gaart an um Feld As d'Margréitchen déi mir am beschte gefällt. Et si wuel méi prächteg, méi schéi wuel déi meescht Mä ech hun eng Freiesch déi Margréitchen heescht; Mä ech hun eng Freiesch déi Margréitchen heescht;
Michel Lentz
|
DE FEIERWON
|
De Feierwon dén as bereet, E päift durch d'Loft a fort e geet, Am Dauschen iwer d'Stroos vun Eisen, An hie geet stolz den Noper weisen, Dat mir nun och de Wee hu fond, Zum éiweg grousse Völkerbond,
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen, Mir wellen iech ons Hémecht weisen, Frot dir no alle Säiten hin, Mir welle bleiwe wat mir sin. Frot dir no alle Säiten hin, Mir welle bleiwe wat mir sin.
Mir hale fest un onser Scholl, Vu Léift fir d'Land sin d'Hiezer voll; Wa mir och keng Milliounen zielen, Dir gëtt ons uechter d'Welt ze wielen; Mir ruffen all aus engem Monn : Ke bessert Land beschéngt jo d'Sonn !
D'Natur, déi laacht ons iwerall, Si rëscht de Biereg an den Dall Mat Fielse wéi gewalteg Riesen, Stret Blummen iwer Gart a Wisen: Ké Keppchen Ierd, wou Halm a Räis Net riede vun dem eise Fläiss
Michel Lentz
|
HÄMMELSMARSCH
|
'T as Kirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaas, 'T jeitzt eng Klarinett an 't brommt eng schaddreg Bass, An Hämmel gin derbei mat Benn a Fletschen un, Blénkeg zënne Plett'len an der Rei sin hannendrun, sin hannendrun;
An d'Kanner lossen hire Kaffi ston Fir dénen schéinen Hämmel nozegon Wou d'Musek ass déi spilt sou löschteg d'Gaassen an, Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze ma'n, hir Ronn ze ma'n.
D'Leit si gebotzt an si hun hir schéinste Kléder un, D'Kamäiner dämpen, d'Kàchen, déi sin drun, d'Pan an der Fuesent, déi ass nët esou geplot, Well et ass haut nët genuch mat engem Hämmelsbrot, a mat Zalot. . An aus der Friemd sinn d'Lëtzebuerger do, Op d'Kirmes kommen si vu wäit a no, 't ass aus der Hemecht keen, a wär en iwer d'Mier, Op de Schuebersonndeg, 't ass gewëss, dann denkt en hier, dan denkt en hier.
Michel Lentz
|
|
|
|
Visiteurs aujourd'hui: 1 - au total: 1202.
|
|