Allgemein:
Startseite
Der Codex aureus
Der heilige Willibrord
Kunst der Buchmalerei
Unvorstellbare Pracht
Der Prunkeinband
Faksimilierung
Bilder Galerie
Kontakt
Impressum

De Codex aureus Epternacensis


Am "gëllene Buch" geschriwen a gemoolt op pergamentene Säiten ëm d'Joër 1031 an der Schreifwierkstat (Skriptorium) vun der Benediktinerabtei lechternach, begéint äis an herrleche Biller an am geschriwene Wuert d'Evangelium vun eiser Här Jesus Christus.
De kostbaren Deckel mat der Kräizegungsszen op enger Tafel aus Elfenbein as entstanen beim Goldschmatt vum Tréierer Erzbëschof Egbert ëm d'Joër 986. Dëst Evangeliar léisst eis eppes eranen vun deem gläwege Respekt, mat deem d'Wuert Gottes behandelt gouf.
Esou wéi d'Evangelisten d'Heelsgeheimnesser opgeschriwen hun mat Léift a mat gläwegem Häerz, esou gouwen och am Klouschter lechternach déi Duerstellungen gemoolt, déi d'Liewen an d'Wiirken vu Jesus Christus vun der Verkënnegung u Maria bis zum Komme vum hellege Geescht duerstellen.
Dëst Evangeliebuch, as am Hellege Joër duerch eis Erzdiözes gedroën gin, fir datt mer op eneits léieren, d'Wuert vum Herrgott mat Respekt ze lauschteren an un him eist Liewen ze orientéieren.